You are here

Remboursement vun de Formatiounsfrais'e fir Benevoler

Déi benevol Animateuren, déi vun hirer Organisatioun oder Federatioun net bezuelt ginn, kënne beim Service National de la Jeunesse eng Demande maachen, fir hir Formatiounsfrais'e rembourséiert ze kréien.

Heibäi handelt et sech ëm eng Unerkennung vum benevolen Engagement vun denen Animateuren, déi fir hir Formatioune bezuelen an déi sech un de Käschte vun den Aktivitéiten, déi se encadréieren, bedeelegen.

Konditiounen

Den Demandeur muss :

  • beweisen dass hien en Animateursbrevet B oder C vun enger Organisatioun krut, där hir Formatiounen zu Lëtzebuerg homologéiert sinn;
  • beweisen dass hien sech opmannst während engem Joer benevol engagéiert huet, nodeems e säi Brevet Animateur B oder C krut. (Den Demandeur däerf also keng Indemnitéite vun der Organisatioun fir säi benevolt Engagement kritt hunn, déi méi héich si wéi seng réell Ausgaben.)  
    De Responsable vun enger unerkannter benevoler Organisatioun muss bezeien, dass de Jonke sech wierklech engagéiert huet (bei dëser Mesure kommen a Fro : FNEL, JEC, LGS);
  • net scho vun enger anerer Organisatioun d'Formatiounsfrais'e rembourséiert kritt hunn.

Beim Remboursement vun de Formatiounsfrais'en handelt et sech ëm eng Pauschalsomm, déi op 250,00 € fixéiert ass.

Eng an déi selwecht Persoun kann am Laf vun hirer Animateurskarriär maximal 2 Remboursementer kréien: eemol fir eng B Formatioun an eemol fir eng C Formatioun.

D'Remboursement ass just fir déi Demandeuren, déi hir B oder C Formatioun (= hire B oder C Brevet kritt hunn) ab 2011 (europäescht Joer vum Benevolat) ofgeschloss hunn.

 

A propos

L’espace animateur regroupe les pages et documents de référence pour le travail d’animateur de loisirs.

Contact

Service National de la Jeunesse
"Espace animateur"
138 boulevard de la Pétrusse
L-2330 Luxembourg

Tél: +352 247 86465
Fax: +352 46 41 86
E-mail: info@snj.lu

Où nous trouver