You are here

La charte de la sécurité

Während dene leschten zwee Joer huet d’« Commission consultative à la formation » sech mat der Fro vun der Sécherheet vun dene jonke Participante bei Vakanzaktivitéite beschäftegt.

An deem Kontext gouf décidéiert verschidden Hëllefsmëttel auszeschaffen, déi zu enger verbesserter Risikopräventioun bäidroen.

D’« Commission consultative » huet Affichen entworf fir ze sensibiliséieren, Informatiounsmaterial ausgeschafft fir Responsabler vun Aktivitéite mat Jonken a déi verschidden Organisatioune bidde Formatiounen zum Thema Sécherheet un. Duerch déi praktesch Aarbecht hun d’Organisatiounen, déi an der « Commission consultative » représentéiert sinn, hiert Engagement am Beräich vun der Risikopräventioun bewisen. Als Resultat vun deem Engagement ass d’« Charta vun der Risikopräventioun während Jugendaktivitéiten » entstan.

D’Charte, déi zu villen Diskussioune gefouert huet an e puer mol iwwerschafft gouf, zielt déi wichtegst Sécherheetsaspekter op an d’Membre vun der « Commission consultative » verflichte sech dës Aspekter ze respektéieren.

Charta

Risikopräventioun während Jugendaktivitéiten(version imprimable en FR)


Op d’Sécherheet an d’Gesondheet vun de Jonken, déi eis uvertraut gi sinn, opzepassen ass fir eis Associatiounen eng moralesch a gesetzlechl Flicht. Allerdéngs gehéiert Gefor zum Liewen dozou a kann ni ganz vermidde ginn. Am Bewosstsinn vun eiser Verantwortung fir während eisen Aktivitéiten all Risiko souwäit ewéi méiglech virzebeugen, engagéiert eis Associatioun sech zu folgendem: 

  • Sech den Interessen, de Kompetenzen an der Motivatioun vun de Jonken déi matginn; bewosst ze sinn;
  • Animatiounen unzebidden déi op Vertrauen, Respekt a Solidaritéit baséieren; 
    Während den Aktivitéiten eng Ambiance ze erschafen déi en harmonescht Gruppeliewen erméiglecht;
  • Op d’Wuelbefannen, d’Hygiène an d’Sëcherheet vun de Jonken opzepassen; 
    Op eng gesond an équilibréiert Ernährung opzepassen;
  • De Jonke kloer an däitlech ze vermëttelen no wat fir Regelen et ofleeft;
  • Déi Jonk op Gefore bei den Aktivitéiten hinzeweisen an hinnen déi richteg Uleedunge ze ginn;
  • Op eng Betreiung vum Grupp, déi un d’Gruppenzesummesetzung an un d’Aktivitéit ugepasst ass, opzepassen;
  • Den Animateuren eng Dokumentatioun zur Verfügung ze stellen déi se fir d’Risikopräventioun sensibiliséiert;
  • D’Animateuren dozou ze encouragéiere fir bei Stagen iwwer d’Auswerten an Präventioun vu Risike matzemaachen.

A propos

L’espace animateur regroupe les pages et documents de référence pour le travail d’animateur de loisirs.

Contact

Service National de la Jeunesse
"Espace animateur"
Annexe"Forum Geesseknäppchen"
40, boulevard Pierre Dupong
L-1430 Luxembourg

Tél: +352 247 86464
Fax: +352 26203048
E-mail: inscription@snj.lu