Erwaardungen un d'Animateuren a Methode vun der Formatioun | Espace animateur

You are here

Erwaardungen un d'Animateuren a Methode vun der Formatioun

Wat si Viraussetzunge fir Animateur ze ginn?

D'Animateursformatioun leeft no de Prinzipie vun der non-formaler Bildung of. Déi jonk Participante ginn opefuerdert, aktiv un der Formatioun deelzehuelen, well si duerch eegen Erfahrungen am meeschte léieren.

Den Animateur muss virun allem gär animéieren a spillen an e muss sech och wuel fillen an där Roll. En däerf keng Angscht hunn aus sech erauszegoen an sech virun anere Leit zum Clown ze maachen.

Den Erfahrungsaustausch tëscht den eenzelne Participanten ass och ëmmer wichteg bei enger Formatioun. Während Diskussiounsronne sollen d'Participante hir eegen Erfahrungen erzielen an och iwwer erliewte Problemer schwätzen. Zesummen am Grupp gëtt versicht eng Léisung fir de Problem ze fannenn. Wat d'Participante sech méi abréngen an der Formatioun, wat d'Formatioun méi intensiv, intressant an nëtzlech fir de ganze Grupp gëtt.

Den Animateur muss och bereet sinn säin eegent Verhalen a seng eege Kompetenze kritesch ze reflektéieren. Wann hie seng Schwächen a Grenze kennt, verhënnert dat, dass hie sech iwwerschätzt.

Et ass ganz wichteg, dass den Animateur sech bewosst ass, dass et de "perfekten Animateur"net gëtt! Jidfereen huet seng Stäerkten a Schwächen a bei all Formatioun oder praktescher Aktivitéit mat Kanner léiert ee bäi. 

Fir d'Formatioune stänneg ze verbesseren, ass et immens wichteg, dass d'Formateuren e Feedback vun de Participante kréien. Sou kënne si hir Methoden oder Inhalter permanent verbesseren, fir dass d'Formatioun den zukünftegen Animateure sou vill wéi méiglech bréngt.

Erwaardungen un d'Animateuren

D'Erwaardungen, déi déi verschidden Organisatiounen un hir Animateure hunn, mussen net ëmmer identesch sinn. All Organisatioun huet hir eegen Ziler, Methoden an Aktivitéiten.

Am grousse Ganze kann ee soen dass d'Animateure responsabel si fir d'Betreiung vun de Kanner, d'Animatioun a fir d'Organisatioun an den Oflaf vun den Aktivitéiten.  

D'Animateure sollen :

  • Aktivitéiten organiséieren, déi d'Philosophie, d'pädagogesch Konzepter an d'Sécherheetsbestëmmungen, déi vum Organisateur virgesi sinn, respektéieren;
  • oppassen, dass d'Aktivitéite gutt verlafen;
  • fir eng gutt Ambiance suergen a versichen, dass jidfereen un den Aktivitéiten deelhëlt;
  • op d'Wuelbefanne vun de Participanten oppassen;
  • dofir suergen, dass d'Regelen agehal ginn an dass d'Material an d'Infrastrukture respektéiert ginn;
  • sech sou verhale wéi d'Wäerter vun der Organisatioun, fir déi si sech engagéieren, et virgesinn.

Fir dene Responsabilitéite gerecht ze ginn, muss den Animateur:

  • iwwer folgendes bescheed wëssen :
    • d'Wäerter, d'Methoden an d'Praktike vun der Organisatioun;
    • d'Ziler vun der Aktivitéit ;
    • d'Moyen'en, déi him vun der Organisatioun zur Verfügung gestallt goufen;
    • déi praktesch Bestëmmunge vun der Organisatioun ;
  • verschidden Animatiounstechnike kennen;
  • sech der Organisatioun ugepasst verhalen.

D'Methoden, déi während de Formatioune benotzt ginn

D'Animateursformatioun funktionéiert nom Prinzip vun der non-formaler Bildung:

  • d'Formatioun ass fräiwëlleg
  • d'Formatioun ass oppen (a punkto Ziler a Methoden; jidferee kann drun deelhuelen)
  • d'Formatioun riicht sech no de Participanten
  • déi Jonk léieren andeems se ausprobéieren (learning by doing)
  • prozessorientéiert (se muss net zu engem bestëmmten Zäitpunkt ofgeschloss sinn an et gëtt kee fixen Oflaf)
  • partizipativ ( déi Jonk sollen aktiv matmaachen an hir Meenung ass wichteg)
  • partnerschaftlech (déi Jonk léieren all zesummen an och vuneneen)

Zesummegefaasst soll een d'Participanten dozou bréngen :

  • perséinlech Erfahrungen ze maachen, andeems se Situatiounen erliewen, déi no un der Realitéit sinn, duerch praktesch Exercicer a Spiller (aktiv Methoden, prozessorientéiert Léieren, dat sech no de Participante riicht) ;
  • duerch Methoden an Techniken soll ee si dozou beweegen ze kritiséieren, aktiv matzemaachen a sech mat verschiddene Points de vue'en auserneenzesetzen (partnerschaftlecht Léieren, Participation).

Doduerch ergi sech déi 4 Haaptprinzipie vun der Formatioun :

  • Ofstëmmung : D'Evaluatioun an d'Upasse vun den Inhalter gëtt zesumme mat de Participante vun der Formatioun gemaach.
  • Upassung : D'Themen, d'Methoden an d'Hëllefsmëttel ginn ëmmer den Erwaardungen an de Besoin'e vum Grupp, den un der Formatioun deelhëlt, ugepasst.
  • Autonomie : Duerch d'Formatioune léieren d'Participanten d'Inhalter an d'Methoden ze beherrschen.
  • Uwendbarkeet : D'Formatioune vermëttelen ëmsetzbar Hëllefsmëttelen a konkret Handlungsméiglechkeeten.

 

A propos

L’espace animateur regroupe les pages et documents de référence pour le travail d’animateur de loisirs.

Contact

Service National de la Jeunesse
"Espace animateur"
Annexe"Forum Geesseknäppchen"
40, boulevard Pierre Dupong
L-1430 Luxembourg

Tél: +352 247 86464
Fax: +352 26203048
E-mail: formation@snj.lu