You are here
D'Ziler vun der Formatioun
D'Formatioun fir Animateuren funktionéiert no de Prinzipie vun der non-formaler Bildung. D'Ziler vun der Formatioun kann een an 3 Niveauen andeelen: Wëssen, Kënnen (Handlungskompetenz) a Sinn (Haltung).
Wëssen
Vermëttle vu wichtege Basis-Kenntnisser fir d'Aarbecht mat Kanner a Jonken:
- déi grouss Etappe vun der Entwécklung vum Kand kennen;
- d'Interessen an d'Motivatioune vun de Kanner kennen a wëssen, wéi ee se erausfënnt;
- e Spillrépertoire hunn a Basiskenntnisser iwwer d'Theorie an d'Praxis vum Spill hunn;
- iwwer déi verschidde pädagogesch Usätz nodenken ;
- Kenntnisser vu Gruppendynamik a vum Fonctionnement vun engem Grupp hunn (z.B. Cliquë-Bildung);
- Basis-Kenntnisser vun 1. Hëllef hunn (déi éischt Gesten) ;
- déi intern Regelen an Norme kennen;
- déi verschidde Kommunikatiounsforme kennen ;
- wëssen, wéi ee mat Konflikter ëmgeet.
Kënnen (Handlungskompetenz)
Déi zukünfteg Animateure solle déi néideg technesch Kompetenze hunn; si solle fäheg sinn:
- Aktivitéite fir dobannen an dobaussen ze preparéieren, z'organiséieren an unzepassen
- kënschtleresch Aktivitéiten ze preparéieren, z'organiséieren an unzepassen
- handwierklech Aktivitéiten ze preparéieren, z'organiséiern an unzepassen
- Animatiounen, grouss a kleng Spiller, Veilléeën, etc. ze preparéieren, z'organiséieren an unzepassen
- Aktivitéite fir dobannen an dobaussen duerchzeféieren an z'animéieren
- handwierklech Aktivitéiten duerchzeféieren an z'animéieren
- kënschtleresch Aktivitéiten duerchzeféieren an z'animéieren
- kleng a grouss Spiller, Veilleeën, etc. duerchzeféieren an z'animéieren
- Kanner ze motivéieren an zum Matmaache ze bewegen ; z'animéieren, d.h. eng dynamesch Relatioun tëscht Kanner, Jonken an Erwuessenen ze kreéieren
- Iddien a Projete vun de Kanner ëmzesetzen
- mat Konflikter ëmzegoen
- fir eng aktiv Kommunikatioun an Austausch ze suergen
- zesumme mat aneren Animateuren e Projet z'entwéckelen, duerchzeféieren an auszewäerten
- Sécherheetselementer(kierperlech a séilesch) an de Kanner a Jugendschutz ze berécksichtegen
Sinn (Haltung)
D'Animateure musse geléiert ginn, wéi si richteg a verschiddene Situatioune reagéieren:
- sech kënnen an e Grupp integréieren
- och selbstkritesch kënne sinn
- präventiv handelen an ëmmer op d'Sécherheet vun de Kanner a Jonken oppassen
- gutt mat aneren zesummeschaffe kënnen an iwwer kommunikativ Kompetenze verfügen
- sech hirer Roll als Virbild bewosst sinn an sech dementspriechend behuelen
- tolerant sinn
A propos
L’espace animateur regroupe les pages et documents de référence pour le travail d’animateur de loisirs.
Contact
Service National de la Jeunesse
"Espace animateur"
138 boulevard de la Pétrusse
L-2330 Luxembourg
Tél: +352 247 86465
Fax: +352 46 41 86
E-mail: info@snj.lu
