Den Animateur | Espace animateur

You are here

Den Animateur

Den Animateur ass responsabel fir d'Betreiung an d'Animatioun vun de Kanner a fir d'Organisatioun vu Campen, Kolonien a Fräizäitaktivitéiten.

Fir déi Aufgaben ze erfëllen, muss all Jonken, dee wëll Animateur ginn, un enger Formatioun deelhuelen.

No der Formatioun soll all Animateur folgendes:

  • wësse wéi e Camp/ eng Kolonie ofleeft
  • ganz vill Spiller fir Kanner kennen
  • fir d'Sécherheet an d'Wuelbefanne vun de Kanner suerge kënnen
  • Aktivitéiten organiséiere kënnen
  • motivéiere a begeeschtere kënnen a Freed un der Animatioun hunn
  • Gedold hunn, nolauschtere kënnen, Verständnis weisen, eng Vertrauenspersoun fir d'Kanner sinn
  • tolerant sinn, keng Virurteeler hunn a bei Konflikter vermëttele kënne
  • sech an en Team integréiere kënnen a Bezéiungen zu Kanner opbaue kënnen
  • mat Kritik ëmgoe kënnen an och konstruktiv kritiséiere kënnen
  • seng eege Grenze kennen
  • mat schwierege Situatiounen ëmgoe kënnen an den Iwwerbléck behalen
  • Autoritéit hunn
  • e Virbild fir d'Kanner sinn, Humor hunn an och iwwer sech selwer laache kënnen
  • zouverlässeg, hëllefsbereet, flexibel, spontan sinn, improviséiere kënnen an Eegeninitiativ weisen
  • oppe fir Neies sinn an

A propos

L’espace animateur regroupe les pages et documents de référence pour le travail d’animateur de loisirs.

Contact

Service National de la Jeunesse
"Espace animateur"
Annexe"Forum Geesseknäppchen"
40, boulevard Pierre Dupong
L-1430 Luxembourg

Tél: +352 247 86464
Fax: +352 26203048
E-mail: formation@snj.lu